Archive for the 'Programm' Category

Ouschtereeër BA fir den Télévie!

Thursday, March 5th, 2009

Eeer BA

Croix-Rouge Bazaar

Tuesday, November 11th, 2008

Och dësst Joër hëllefen d’Aigles selbstverständlech nees um Croix-Rouge’s Bazaar!
De ganzen Dag iwwer wärt dir eis och traditiounsgemäss op eisem Kamellestand fannen, wou der alles méigleches u Schneekechkeete kritt!

Eis fläisseg Scoute wärten dann och beim Ofraumen hëllefen, hei nach eng Kéier déi entspriechend Zäitopdeelung!

Ween mëscht wat wéini?

Vun 11.00 h – 13.15 h hëllefen:

den Maxime Allard, den Roby Leer, den Tim Dickie, den Olivier Klop, d’Rachel Hoffmann, d’Laurence Lemmer, d’Caroline Maitry,
d’Lou Reckinger, d’Carlotta Hoss, d’Claire Feyereisen, d’Sophie Sunnen,
d’Marie-Jo Gutenkauf an d’Julie-Anne Mahieu.

Vun 13.00 h – 15.15 h paacken:

d’Mimi Reckinger, d’Lena Hoss, d’Carli Dupont, d’Victoria Abel,
den Ken Dickie, den Mathieu Klop, den Victor Tesch, den Felix Schwertzer, d’Anouck Kayser, d’Manon Allard, d’Chloé Maitry den Michel Retter, d’Lucy Briade an d’Camille Glas eng Hand mat un.

Zum Schluss vun 15.00 h – 17.15 flitzen nach:

den Mathieu Lohr, den Philippe Kaempff, den Luc Muller,
den Tom Hubert, d’Caroline Lemmer, d’Julie Lemmer,
d’Claire Schwartz, den Jonathan Giannandrea, den André Verdette, d’Fanny Rieth, d’Claude Wagner, d’Fanny Prum an den Roger Welter hin an hier.

Dat Ganzt ass wéi all Joër an der Victor Hugo Haal um Lampertsbierg. (natierlech an Tip-Top’er Uniform )
Mir fréen eis ierch do all remzegesinn… ☺

Lénks Patt,
Är Cheffen

Assemblé Générale

Tuesday, October 7th, 2008

E Freideg, den 10. Oktober, hu mir um 20:00 am Wëllefcherssall (Rolléngergronn Al Schoul) eis Assemblé Générale. All interesséierte Member as hei härzlech agelueden! Hei gëtt d’Joër 2007/2008 kuerz resüméiert an de Programm 2008/2009 virgestallt.

Do virdrun, ab 19:00, wärte mir Fotoë vun Zellhof an aus dem Nepal weisen, an um 19:30 wärt den Här Michel Petit eis eng Presentatioun iwwert dat neit Home weisen.

No der Assemblé Générale gi mer dann an d’Juegdschlass iessen!

Faakelzuch

Friday, June 20th, 2008

Den 22. Juni as et nees esou wäit, net de Kleeschen mais de Faakelzuch steet virun der Dier!
Natirlech gi mir och dësst Joër matt an dovir treffe mir ons schon um 19.30 bei der Hoga (4, rue Semois an der Stad), vir eng gudd Wurscht z’iessen an sou zu Kräfte ze kommen fir de flotten Tour duerch d’Stad! Wien awer direkt wëll op de Faakelzuch kommen, um Aldringer geet et lass an zwar um 21.30!

Mir hoffen ierch all e Sonndëg eremzegesin!

Rover Weekend zu Zürich

Monday, April 7th, 2008

Rapport Rover Week-End Zürech 2008

Wuhu et geet lass!
Endlech ass et esou weit. Mir hun no langen Négociatiounen en Datum fonnt ob deems d’Rover ob Zürech kommen kennen fir eisen traditionnellen an supermegagailen Roverweekend.

Direkt am Zuch ass et och schon gudd lass gangen. Den neitste Klatsch und Tratsch gouf heftegst beschwat an diskutéieret, a fier de Rescht vum Trajet hun eis Exploretten an den Här Theis de ganze Wagon animéiert! Ee Gléck dass si do woren, waat wären di 5 Stonnen Zuch soss laaang gewiecht. Owes um 9 auer si mer dunn um HB Zürich härzlech vun eise Rover-Respo’en empfaang gin, a lass as et gaang: Directioun gudd Owesiessen!

An waat kruute mer? Di beschte Fusilli Bolognese, als Dessert vill Schokkela’s Eeër, an e gudde, kaale Béier hu mer och genoss éier mer rem op den Tours gaange sinn! No engem kuerzen Outfit’s-check woren mer dun prett fir d’Züricher Scene : d’Studentendisco Stuz… an zwar direkt op der richteger Plaatz, am Zentrum vun der ETH. Wann daat keng richteg Uni as…
Bis méi a manner spéit as du gefetzt a gedanzt ginn, fir den Dag drop “ready” ze sin fir de Grand Jeu. Olé!!

An oh mei, wat wore mir den Dag drop sou midd wéi et geheescht huet, mir gin op de Jeu EN ville! Mee d’Motivatioun war méi stark, a lass gung et! Fier d’éischt eng Mathematesch getürckte Rally duerch déi schéin ETH, wou mer duerch d’Gäng an d’Traapen vum Gebei gelootst gi sinn. No deser Visite si mer dunn an d’Zürich City gangen. Do missten mer ennert aanerem Luuchten zielen, eieiei dat war komplizéiert.

An well mer all schon/nach elle midd woren vun all deenen Ustrengungen, hu mer den Zuch fir rop op den Uetlibierg geholl, wou mer on the Top of Zürich stoungen. Nodeems mir eng schein Vue genoss hun, as de Geocaching lass gaang, dat war mega spannend a mir waren all immens frou wéi mer um Ziel ukomm waren.
D’Prost hued och nach heieren, dass den Theis schéi beim Noémie P. gekohlt hued. Traditiounsweis krute si d’Suckel an de Reech.

Owes as de Programm weider gang an zwar um Gebai vun der ETH fir uewen um Daach ze grillen wou mer effektiv eng herrlech Vue haaten. Wou mer du wollten e besse weiderfeieren, hun mer d’Prost-Santé an d’Mme Petit doud opfonnt. Du war fir die Zwee och Feierowend an se hunn de Recht vun der supermegabuppegailer Soirée verpasst.

Suguer de Georges krut sech nach motivéiert e bessen mat ons fetzen ze kommen.
An an der Langstrasse huet et mat engem gudden fetten excellenten Kebab-Frites obgehaal.

Brav wéi mer eben sou sen, hun mer glaich nom Kebab den Taxi bis Heem geholl wou mer eise verdéngte Schlof geholl hun. Den Dag drop ass et dann bei den Jules G. gang wou mer e leckere Brunch zou eis geholl hun. D’Sophie krut e Glas op de Fouss, aua…Et liewt awer nach 
Et voilà, daat wor dann eisen Roverweekend. D’Leit hu sech rem an hir verschidden Ecker vun Europa zréckgezunn, nodems mer nach ons Fotoen gekuckt haaten…wow!

Dann soen mer just nach eise léiwe Rovercheffen merci fir d’Organisatioun, merci fir de flotten Weekend!

OPGEPASST: Schwammversammlung!

Friday, June 15th, 2007

Opassen Scouten a Wëllefcher, Muer ass keng Schwammversammlung wéi ugekënnegt well d’Schwemm zou ass, et ass also normal Versammlung am Home. Fir weider Informatiounen, mellt Iech bei Ären Cheffen!

Pengschtcamp

Tuesday, May 29th, 2007

De Pengschtcamp as nach net eriwer a schons fannt Dir déi éischt Fotoen hei um Site. Et werten der awer secher nach nokommen, souwuel vun deenen anren Fotographen wéi och vu mir. Vill Spass beim kucken, mir opallefalls haaten e ganz vlotte Pengschtcamp!

Charel

pengscht-betz-07_00.JPGpengscht-betz-07_150.JPGpengscht-betz-07_91.JPG

Hei ass de Rescht