Pengschtcamp 2009
Saturday, June 6th, 2009D’Fotoen vum Pengschtcamp um Misärshaff sin endlech online, ze fannen wéi gewinnt HEI.
D’Fotoen vum Pengschtcamp um Misärshaff sin endlech online, ze fannen wéi gewinnt HEI.
![]()
Knaps sin eis Chrëschtcamp’en vun de Wëllef an de Scouten eriwer, erward der sëcher schons ganz ongedëlleg d’Fotoen. Loose mer net laang em de Bräi schwätzen, d’Fotoen vum Wëllefcherscamp zu Colmar-Bierg sin hei, déi vum Scoutscamp zu Réiser hei. Mir wënschen Iech allguer schéi Chrëschtdeeg an e gudd neit Joër!
Charel
Gudd Norichten aus dem Nepal, eis Equipe as haut de Moien (eiser Zäit) gudd geland! No enger Odysee vu bal 24 Stonnen iwwer Zürich an Neu Dehli hun si hiert Ziel erreecht an zu Kathmandu geland. Elo steet fir unzefänke mol e klenge Sightseeing um Plang, éiert et dann erop op Kakani geet.
Weider News kommen am laf vun den nächsten dräi Wochen no!

Dësst Joër huet eis Trophées-Equipe sech besonnesch gudd geschloen: Dank dem super Engagement vun eisem (hei besonnesch ervirzehiewen) Beaver, dem Tom, deen déi schwieregst Aufgab iwwerhapt hat, as et den Aigles gelongen d’Trophée matheem ze huelen! Mais och de Vetrieder vun den anere Branchen as e grousse Merci ze soen! Fotoë fannt dir wéi gewinnt an onser Gallerie!

Hei sinn se endlech, d’Fotoë vum Pengschtcamp zu Diddeleng!
Wéi gewinnt an eiser Fotosrubrik oder direkt hei!
Vill Spaass!
An nach eng gudd Partie Fotoën hun et op den Aigles Site gepackt, an zwar déi vum Jamboree Preparatiouns Camp!
Kucken kent der se wéi gewinnt an eiser Fotosrubrik.
Donieft gin et onach Fotoën vum Péngschtcamp vum Paul a vum Jim, vill Spass!
De Pengschtcamp as nach net eriwer a schons fannt Dir déi éischt Fotoen hei um Site. Et werten der awer secher nach nokommen, souwuel vun deenen anren Fotographen wéi och vu mir. Vill Spass beim kucken, mir opallefalls haaten e ganz vlotte Pengschtcamp!
Charel
Hei ass de Rescht
D’Fotoën vun der Kniet-Bried-Versammlung sin schon do
Ze fannen wei emer an der Fotosrubrik!
D’Fotoën vum Ritter Chrëschtcamp zu Huelmes am Schlass sin och online. Et war e supervlotte Camp deen eis all vill Spass gemach huet, ech hoffen eise Ritter a Prinzessinnen huet et genausou gudd gefall! De Baloo wert de Video nach verschaffen, soudatt mer deen och iergentwann ze gesin kréien. E Rapport kent no, souwäit mol vill Spass mat de Fotoen!
Charel a.k.a. Lanzentunn