Croix-Rouge Bazaar 2007

Kamellomania!
D’Aigles um Bazar de la Croix-Rouge 07

Verschidde Leit fueren den zweete Sonndes am November op Knokke fir een op Schicki-Micki ze maan, verschiddener fueren mam TGV op Fashion-Paris fir wéi wëll ze shoppen, verschiddener fueren an d’Eisléck wéi grouss Gourmet’en iessen, ma déi ganz klever gin relax op de Croix-Rouge Bazar fir dat ganzt alles an engem Sonndeg ënnert een Hutt ze kréien!

Säit baal 20 Joër hëllefen d’Aigles schon als grouss Scouts-B.A. um Croix-Rouge Bazar oofraumen mat de Scouten, an säit 8 Joër verkaafen d’Explorer a Rover och wéi geckeg Kamellen, am Kader vun hierem sozialen Engagement.
An dat Kamelleverkaafen as nawell emmer eng zolit Aventure! Schon Méint am Viraus gët sëch am klënge Kreess getraff fir de richtege Choix u Kamellen ze maan an déi neitsten Séiessegkeets-Tendance vun Tokyo, Bilbao an Singapore zesummenzewürfelen. Den Daag J-1 fiert en Sweet-team ënnert der Leedung vum Kamellen-Meeschter Marc a sénger zwee-achseger Remorque ënner Polizeieskort an aller Herrgottsfrei bei de Grossist fir d’Geheimlëscht anzekaafen. Knapps drop läit 50 Kilo vun deem séisse Gedrecks frësch an zocker-séiss an de Këschten um Bazar um Lampertsbierg.
Bien évidemment mussen eis Explorer a Rover als éischt all Kamellenzort op Härz an Nieren, also Zockergehalt respektiv Batterkeet testen fir ze kucken op d’Qualitéit stëmmt, an dat bien évidemment a regelméissegen 30-Minuten Oofstänn, well et kann ee jo nie wëssen. Soubaal den Oberguru Benoît (Doktorant vun der Haribo University of Bärchen) d’OK-Signal gin huet kann d’Vente lassgoen! An de Succès as emmer um Rendez-Vous. Knapps as de Startschoss gin an d’Bazarsdieren op stiermt eng Armada vun 9 bis 99 Jähregen un fier sëch em déi bäschten Zorten ze klappen an ze kraatzen, et géif ee mengen et wier ee bei Prada am SSV. Déi eng oder aaner Bomi huet alt schon e bluddege Bréif geschriwwen well se awer këng Lakritzschneck méi kruut. All Klient gët individuel berooden, e bessi Saures ma awer nët zevill an eng Grëtz Scholeka, pas de Problème, oder just Speckëges mat laangen rouden Tapis’en an eng Grëtz vun deenen knätscheg Rouden, keng Äffär. Ganz gemidderlëch wor och d’Tessy de Nassau mam klénge Gabriell laanscht komm fier e Kilo Hostecher ze kaafen, den Här Bettel huet sëch dobäi relax eng batter Cola op d’Saumon’s Schniitchen geluecht. Knapps drop koum d’Madame Polfer schons fir d’drëtt laanscht, anscheinend wiren d’ Cote d’Or Maisercher alt erëm all duerch d’Bascht! D’Grand-Duchesse huet säi Joëren e Fäibel fir d’Fraise Tagada’en a léisst sëch emmer eng grouss Schëpp apaaken. Den Här Bartholomeo léisst och ëmmer déi eng oder aaner Praliné-Maischen an der Täsch verschwannen a warnt tout en passant virun de Gefooren vum Zocker.
Géint 5 Auer gaapsen déi meescht Këschten een nëmmen nach un, sou eidel sin se. Et gët em déi läschte Sugus a Cola Spaghetti gestridden, an um 6 as dann meeschtens alles ratzekaal eidel. Kamellen kann d’ganz Aigles Ekipp lo ee Joër laang nët méi gesin, souvill hun se der geschmaacht…aus rëngen professionnelle Grënn natierlëch! Bis d’nächst Joër, op e weidert zockerséisst Begéinen um Les Aigles Kamellestand!

Georges Krombach

Leave a Reply