Scouten

Wat ? 

D’Scout’scheffen organiséieren Aktivitéiten, Versammlungen, Camp’en an Sortien fir déi Jugendlëch vun 11-15 Joër.

Déi jonk Scouten léieren heibäi wéi een eng topographësch Kaart liest, mat engem Kompass ëmgeet, en Zelt opriicht, kacht an dobaussen an der Natur kann liewen.

Dobäi kënnt nach , dass si vill nei Frënn kennen léieren an vill Spaass waerten hunn. :-)

Mir fonktionnéieren an eiser Troupe mat Patrullen. Eist Ziel ass et den Kanner z’erméiglëschen an engem groussen Groupe eenz ze ginn, sech wuel ze fillen, autonom ze ginn, Responsabilitéiten kennen ze léieren an zesummen ze halen.

 

Wéini ?

All Samsten vun 14.00h – 15.30h

 

Wou ?

An eisem Home (35, Val St. André am Rollingergronn)

 

Wien ?

Eis Cheffenequipe besteet dëst Joër aus 11 aktiven an motivéierten Cheffen. 

CT : RAAS Anne

ACT : FEIDER Charly

ACT : LEYDET Teia

ACT : Prost Caroline

ACT : WAGENER Julie

ACT : WAGENER Raphael

ACT : RETTER Louis

ACT: ALLARD Maxime

ACT: DICKIE Ken

ACT: LEER Roby

ACT: LOHR Matthieu

 

Wann dir Froen un eis hudd kënnt dir eis per Telefon oder per E-mail erreechen :

RAAS Anne ( 691820576 ) / FEIDER Charly   ou  info@lesaigles.lu