Natur - Rallye

April 5th, 2010

Den 24. Abrëll ass et sou weit, dann ass endlech de groussen Les Aigles - Natur - Rallye am Baambësch fier déi ganz Famill!

Lass geet et ab 3 Auer bei der aaler Schoul am Rollengergronn. D’Gruppen gin am 15 Minuttentakt fortgescheckt,  mier soen nach Besched wéini wéi eng Grupp fortgeet. Et kascht 10 € pro Persoun, jidfereen huet dann d’Recht souwuel op de Rallye wéi och op eppes géint den Duuscht an den Honger nom Rallye.

Also mellt iech un beim martine.wilwert”at”education.lu, an zwar als Grupp ab 4 Leit. Dier kënnt iech als Famill umellen, mat Kollegen, ganz egal! Haaptsaach dier verpasst et nët ;-)

Ouschteren

March 21st, 2010

Beaver an Wëllëfcher: De Camp ass vum 27. Mäerz (15:30 op der Gare) bis den 29.Mäerz  (15:35 op der Gare) zu Mamer. Mellt iech nach séier un beim Paul Wagner!

Scouten: Grousse Kachcamp um Eecherfeld! Rendez-vous ass um 16:00 den 30.Mäerz um Eecherfeld, Retour um 15:30 op der selwechter Plaz. Och hei lount et sëch ganz bestemmt sech nach séier beim Charly unzemellen!

Natierlech wënscht déi ganz Cheffenekipp jidferengem eng schéi Vakanz a schéin Ouschteren

E Samsteg: Grouss Eer - B.A.

March 15th, 2010

Lo wou d’Fréijoer jo quasi fierun der Dier stet ass rëm eis traditionell Eer-B.A. an der Groussgaass op der Héicht vum Tapis Hertz! Jidfereen ass natierlech wëllkomm dëse Samsteg e klengen (oder groussen) Don ze maachen. D’Suen gin dëst Joer fier Haiti gesammlt!

Beaver a Wëllëfcher: Rendez-vous um 11 an der Schoul am Rollengergronn, Retour um 16:00 beim Tapis Hertz an der Stat. (Brengt eppes mat fier ziessen an ze drenken)

Scouten: Rendez-vous um 14:00 am Wëllëfcherssall. Retour um 17:30 beim Tapis Hertz.

Explorer a Rover: Freides Owes gin ab 7 Auer d’Eer gefierwt am Wëllëfcherssall. Samstes sti mier vun 12 bis 2 um Stand.

Denkt all un de Foulard an un d’Uniform.

Bis e Samsteg!

P.S. Den Sixplo ass nët den 16.Mäerz mee den 16.Mee

Programm vum 13. Mäerz

March 7th, 2010

Laang ass et nët méi bis Ouschteren, mee natierlech sin nach puer Versamlungen fiedrun:

Beaver an Wëllëfcher: Mier gin an de Kino :-) Rendez-vous ass um 13:45 am Utopolis, Retour ass um 16:00 op der selwechter Plaz. Denkt drun 8 € matzebrengen fier den Ticket. Iwregens, mier gin den 3D-Film Wolkig mit der Aussicht auf Fleischbällchen kucken.

Scouten: D’CP’en an d’SP’en organiséieren dëse Samsteg fier d’Patrullen e ganz flotten Programm. Wann der wëssen wëllt wat, dann musst der schon bis an d’Home kommen um 2 :-)

Schéin Woch

Programm vum Weekend (6.Mäerz)

March 2nd, 2010

Beaver an Wëllëfcher: Grouss Schatzsuche am Baambësch. Et ass dem Rema seng Formatiounsversamlung. (Rendez-vous um 2 an Retour um 4 ass bei der Spillplaz am Baambësch).

Scouten: Grouss Sich no der verluerener Schatzkëscht!! Dëss Sortie ass dem Mathieu seng Formatiounssortie. (Rendez-vous um 10 an Retour um 4 um Glacis)

Explorer: Rally-Trajet ooftrëppelen (Rendez-vous um 2 am Haff) an Versamlung um 4 am Home!

Dier gesidd hei gëtt rëm wëll organiséiert, mier hoffen dofier op gaaaaaaaaanz vill Leit :-)

Bis e Samsteg!

Uff, d’Vakanz ass riwer ;-)

February 24th, 2010

Nächsten Samsteg hu mer rëm normal Versamlungen, souwuel bei den Beaver, den Wëllëfcher an bei de Scouten vun 2 bis halwer 4.

CP’en an SP’en: Denkt drun den 13.Mäerz ass et un iech! Et ass Patrullenversamlung!

An dann fier jidfereen: Den 20 Mäerz ass grouss Eer-B.A. an der Stat beim Tapis Hertz.

Bis e Samsteg!

SAIL 2010

February 9th, 2010

An? Freet der iech schon sou richteg fier de Sail? Dier hudd bestëmmt gemierkt dass beim leschten Bréif eppes gefeelt huet?! Jojo, d’Fiche Médicale war net dobei. Dat war awer keen Iertum, well dier fannt d’Fiche hei um Site, an zwar ënner

Courier -> fiche médicale

Print se w.e.g. , fëllt se aus, an bréngt se an eng Versamlung mat, oder schéckt se dem Caroline Prost.

 

N.B. Déi nächst Versamlungen sin réicht den 27. Februar, dofier wënschen mier jidferengem eng schéin Vakanz!

Et ass Föööös

February 1st, 2010

Geschwënn hu mer et gepackt, dann ass Vakanz. An den Aigles wäerte mer schon eng Woch fiedrun Fuesend feieren:

Beaver a Wëllëfcher: Groussen Fuesweekend zesummen mat den CBDM (Beaver a Wëllëfcher vu Märel) zu Wooltz. Och wann den Delai oofgelaaf ass, mellt iech nach séier un!

Scouten: Grouss Fuesparty de Samsteg am Home! Et wäert eng mega lass sin!!!

Loosst iech dat also net entgoen!

De Weekend

January 27th, 2010

Salut alleguer,

hei de Programm vun dësem Weekend:

Beaver, Wëllëfcher: Dem Kotuko seng Formatiounsversamlung mat engem super Spill! D’Versamlung dauert bis 16:00.

Denkt drun ech fier den Intermeute (nächste Weekend) an den Feweca (am Summer) unzemellen!! Et ass derwäert!!

Scouten: Dem Charly seng Formatiounssortie an an ronderem d’Stat dëse Samsteg. Rendez-vous um 10:00 op der Kockelscheier, Retour um 16:00 um Glacis.

Soyez nombreux :-)

FEWECA fier d’Wëllëfcher

January 25th, 2010

Moien Wëllëfcher,

Feweca stet fier Federals Wëllëfchers Camp. Dësen Camp ass all 3 Joer an fënnt dës Kéier am Süden vun eisem Ländchen statt. Hei huelen all d’Wëllëfcher aus dem ganzen Land deel, wat natierlech eng riiseg Stëmmung ass! Och ass et eng super Plaz fier ganz vill nei Leit kennenzeléieren. Et ass also ee Camp deen een op kee Fall dierf verpassen!!

Mellt iech dofier séier un beim Ben Reckinger, d’Souche ass am leschten Totem.