lesaigleslesaigleshttps://www.lesaigles.lu/blogASSEMBLEE GENERALE]]>https://www.lesaigles.lu/single-post/2019/01/19/ASSEMBLEE-GENERALEhttps://www.lesaigles.lu/single-post/2019/01/19/ASSEMBLEE-GENERALESat, 19 Jan 2019 09:32:29 +0000]]>TRIMESTER PROGRAMM]]>https://www.lesaigles.lu/single-post/2019/01/19/TRIMESTER-PROGRAMMhttps://www.lesaigles.lu/single-post/2019/01/19/TRIMESTER-PROGRAMMSat, 19 Jan 2019 09:13:39 +0000]]>D'AIGLES UM CROIX ROUGE BAZAR]]>https://www.lesaigles.lu/single-post/2018/11/13/DAIGLES-UM-CROIX-ROUGE-BAZARhttps://www.lesaigles.lu/single-post/2018/11/13/DAIGLES-UM-CROIX-ROUGE-BAZARTue, 13 Nov 2018 20:13:27 +0000
Sidd och en Deel vum héije Besuch, a kommt e Sonden den 18te November op eisem Stand um Croix Rouge Bazar an der Victor Hugo Hall laanscht!
]]>
RGPD et nouvelles fiches d'inscription]]>https://www.lesaigles.lu/single-post/2018/09/08/RGPD-et-nouvelles-fiches-dinscriptionhttps://www.lesaigles.lu/single-post/2018/09/08/RGPD-et-nouvelles-fiches-dinscriptionSat, 08 Sep 2018 09:52:41 +0000]]>Meet Les Aigles]]>https://www.lesaigles.lu/single-post/2018/09/08/Meet-Les-Aigleshttps://www.lesaigles.lu/single-post/2018/09/08/Meet-Les-AiglesSat, 08 Sep 2018 09:39:37 +0000]]>Gëlle Fraa Marathon Party 2018 Les AiglesSchiltz Sarahhttps://www.lesaigles.lu/single-post/2018/04/17/G%C3%ABlle-Fraa-Marathon-Party-2018-Les-Aigleshttps://www.lesaigles.lu/single-post/2018/04/17/G%C3%ABlle-Fraa-Marathon-Party-2018-Les-AiglesTue, 17 Apr 2018 15:09:41 +0000
Dear Partypeople, No 12 Joër ass et jo wuel kee Geheimnis méi wou een um Owend fum ING Marathon dee bäschte Béier, déi knackegste Wurschten an déi funkiest Music fënnt. Dir kennt den Drill! INDEED! Och dëst Joer sin mir nees um Rendez-vous mat der 12ter Editioun vun der Gëlle Fra Marathon Party. Den 12. Mee 2017 gi mir nees alles, sierf dat um Macadam wärend 42 km oder um schéinste comptoir aus der ganzer Staat.
🔶Fir den enormen Duuscht garantéieren mir op eisem XXL Comptoire en schnellen an efficacen Service vun Béier, Crémant, Wain, Softdrinks etc.. 🔶Géint den groussen Honger proposéiert iech eist top equipéiert Grill Team den ganzen Owend laang eng grouss Selektioun vun Gegrills (mat Veggie Optioun) 🔶Fir dat och nees eng Stëmmung opkënnt steht dëst Joër nees de Flex Diamond hannert den Decks Wéi soë se ‘’be there or be square’’, dat gëllt och dëst Joer, an et gëtt dach näischt méi flottes wi mat engem kille Béier d’Leefer unzefaieren :D
🚨MEGA PROMO’S🚨 Profitéiert vun eiser Happy Hour vun 17h bis 19h Auer an eiser Optioun: 10 + 2 Béier gratis.🍺 Den Erléis geet wéi all Joers un karitativ an sozial Zwecker. Mir zielen op iech den 12. Mee ab 17h bei der Gëlle Fra! Äert Gëlle Fra Marathon Team
]]>
Péngschtcamp XXLhttps://www.lesaigles.lu/single-post/2018/04/09/P%C3%A9ngschtcamp-XXLhttps://www.lesaigles.lu/single-post/2018/04/09/P%C3%A9ngschtcamp-XXLMon, 09 Apr 2018 09:00:00 +0000
Chers tous,
nous avons le plaisir d'inviter les Beavers, Louveteaux, Scouts, Explorer, Rovers et Aquila à notre traditionnel camp de Pentecôte à la Ferme Misère du 19 au 23 mai.
POUR LES BEAVERS:
RENDEZ-VOUS: LE 21 MAI. AVEC LES PARENTS AU MISäERSHAFF (ARSDORF)
RETOUR: LE 23.MAI AU GLACIS
PRIX: 35€
POUR LES LOUVETEAUX:
RENDEZ-VOUS: LE 19. MAI à 14:00 AU GLACIS
RETOUR: LE 23.MAI à 17:00 AU GLACIS
PRIX: 70€
POUR LES SCOUTS et EXPLORERS
RENDEZ-VOUS: LE 19. MAI à 14:00 AU GLACIS
RETOUR: LE 23.MAI à 17:00 AU GLACIS
PRIX: 70€
LA JOURNEE DES PARENTS:
RDV LE 21 MAI AU MISAERSHAFF, A 10.00 POUR UNE JOURNEE DE PROMENADE, GRILLADE ET PLEIN DE BONS MOMENTS.
PLUS D'INFOS DANS LE PROCHAIN TOTEM.
]]>
Summercamp 2018Camilla Pedersenhttps://www.lesaigles.lu/single-post/2017/10/10/Summercamp-2018https://www.lesaigles.lu/single-post/2017/10/10/Summercamp-2018Tue, 10 Oct 2017 19:20:59 +0000
Wann der genau sou gespannt sidd wei mir an onbedengt wellt matgoen, dann fannt dir weider Informationen an der annexe ennendrënner. Ganz wichteg, vergiesst net t'Fiche médical auszefellen.
Lenks patt,
är Cheffen.
Chers Scouts, Explorer et Rover,
Nous avons de très bonnes nouvelles à vous communiquer : la destination du camp d’été 2018 est décidée.
Si wou êtes très motivés d'y participer, vous trouvez plus d'informations en annexe. Très important, n'oubliez pas de remplir la fiche médical.
Patte gauche,
vos Chefs.
]]>
Fiche d'inscription et fiche médicaleJulie Bechtelhttps://www.lesaigles.lu/single-post/2017/10/05/Fiche-dinscription-et-fiche-m%C3%A9dicalehttps://www.lesaigles.lu/single-post/2017/10/05/Fiche-dinscription-et-fiche-m%C3%A9dicaleThu, 05 Oct 2017 17:33:22 +0000
Léif Elteren,
daat neit Joer huet super ugefaangen, an fir dass et genau esou gudd weider geet, ass et ganz wichteg dass mir e puer Informatiounen zu all eisen Memberen hun.
Dofir muss all Member eng f
iche médicaleausfellen! Eng ganz Rei hun hier schon déi läscht Versammlungen oofginn, fir all déi aaner ass se elo hei disponibel fir rauszuprinten, auszefëllen an an déi next Versammlung matzebrengen.
Zu eiser grousser Freed hun mer och eng ganz Rei nei
Memberen dësst Joer! Dir fannt hei d'fiche d'inscription, déi der och musst ausfellen an bei engem vun den Cheffen oofginn.
Mir frëen eis ob en spannend Joer,
Lénks Patt,
aer Cheffen
Chers parents,
la nouvelle année a bien commencé et pour assurer qu'elle continue ainsi, il est très important que nous ayons quelques informations sur tous nos membres.
Voilà pourquoi chaque membre doit remplir une fiche médicale. Beaucoup l'ont rapporté déjà les dernières réunions, pour tous les autres elle est maintenant disponible ici.
Nous sommes très contents de pouvoir accueillir également un certain nombre de nouveaux
membres cette année. Pour tous ceux, vous trouvez ici lafiche
d'inscription pour l'imprimer, la remplir et la rendre à un des chefs.
A bientôt et patte gauche,
vos chefs
]]>
Weekend Montée]]>https://www.lesaigles.lu/single-post/2017/09/26/Weekend-Mont%C3%A9ehttps://www.lesaigles.lu/single-post/2017/09/26/Weekend-Mont%C3%A9eTue, 26 Sep 2017 16:08:02 +0000
Veuillez-trouver ici la lettre officielle
Le Weekend de la Montée s’approche ! Le 7 octobre les louveteaux les plus âgés, c’est-à-dire Carla Bidoli, Clara Girot, Noah Hanke, Max Kayser, Tom Kodesch, Victor Werner et Alisa Yunytska vont passer des louveteaux aux scouts. Cela sera un moment très important et nous leur souhaitons bonne chance pour cette nouvelle étape.
OÙ?
Les Aigles HOME
Quand?
Le 7 -8. octobre 2017
RDVS:
Le 7.10.17 à 15:00 au Home Scout LES AIGLES
RETOUR:
Le 8.10.17 à 14.30 au Home Scout LES AIGLES
Pour participer à ce week-end prière de verser 15€ au compte:
LES AIGLES – SCOUTEN IBAN LU65 1111 7019 4553 Avec la mention
„Montée 2017 - Nom +Prénom “ (de l’enfant)
Les Scouts, Explorers et Rovers doivent apporter un Pic-Nic
Merci également de vous inscrire avant le 1 octobre chez
Camilla Pedersen
Camilla Pedersen , 53 rue Gromscheed L-1670 Senningerberg (Tel. +352 621 282222)
(E-mail : camillapedersen@me.com)
]]>
Scoutskiermes 2017]]>Nicolas Wurthhttps://www.lesaigles.lu/single-post/2017/08/30/Scoutskiermes-2017https://www.lesaigles.lu/single-post/2017/08/30/Scoutskiermes-2017Wed, 30 Aug 2017 14:12:44 +0000
🇫🇷Chers membres, chers amis scouts,
Comme chaque année la nouvelle année commencera avec notre grande “Scourskiermes” le 24. septembre a partir de 11h au Home Les Aigles. Rejoignez-nous dans une ambiance décontractée autour du feu.
Au programme: Bar, Grill, Animation, Jeux et un Grand Bazar International avec des spécialités préparées par nos Rovers.
A très bientôt
🇱🇺Léiw Memberen, léiw Frënn vun den Aigles,
Wéi all Joers freeën mer eis iech op eis traditionnell Scoutskiermes ze invitéieren den 24. September ab 11h an eisem Home. A flotter Stëmmung freeën mer eis iech bei engem gudde Maufel besser kennen ze léieren!
Um Programm: Bar, Grill, Animatioun, vill Spiller an eise Groussen Bazar International organiséiert vun eise Rover!
Bis ganz geschwënn
]]>
En route pour les scouts!]]>Nicolas Klop, Rollingergronnhttps://www.lesaigles.lu/single-post/2016/09/04/En-route-pour-les-scoutshttps://www.lesaigles.lu/single-post/2016/09/04/En-route-pour-les-scoutsSun, 04 Sep 2016 08:22:08 +0000
Retrouvez les scouts pour la première réunion de l'année, le 17 septembre à 14:00h dans notre Home Op der Ginz.
]]>
Sail 2016!]]>Caroline a Inèshttps://www.lesaigles.lu/single-post/2016/08/21/Sail-2016https://www.lesaigles.lu/single-post/2016/08/21/Sail-2016Sun, 21 Aug 2016 14:38:42 +0000
16. Juli 2016 :
Moies fréi sinn mer all aus dem Bett gehait ginn, fir eis läscht Saachen anzepaaken an dann mad groussen Aanreefer um 7.00 prett um Glacis ze stoen. An der Tiptop Uniform an mat gudder Laun waren mir finalement prett fir lass ob den Sail ze fueren.
No enger laanger Rees sinn mer dunn um 15.30 zu Kampen ukomm wou den Olaf (och nach Robinson Crusoe genannt) an den Jochen schon ob eis gewaart hunn.
D’Rover sinn vum Willi an Miri emfangen ginn. Schnell war all Mensch ob sengem Boot installeiert. Eis Brandaris huet eis vun Kampen op Urk gefouert.
Den eichten Daach kruuten mer d’Schëff bessen erklärt. Ukomm zu Urk hunn sech d’Jongen direkt an d’Waasser gestiertzt an dueno sinn mer all bessen duech d’Duerf getreppelt. Owes wa eng kleng partie Beachvolleyball um Programm.
17. Juli 2016
Den zweeten Dag, d’Scouten rem e bessen méi erholl, sinn mer vun Urk ob Stavoren gefuer. Well d’Wierder wonnerschéin wo, huet all Mensch sech um Deck bronzeiert nodeems mer all d’Seegelen gehisst haaten. Den Maillot jaune haat eisen léiwen Roby verdéngt, well hien den Ken (also sein cousin) gefrot huet wei sein Papp mat Familliennumm heescht. Als Nuetsspill hunn d’Scouten géint d’Rover eng Olympiade gemaach an dear zoufällegerweis d’Rover gewonnen hunn.
18. Juli 2016
Eis Rees ass weidergaang vun Stavoren op Harlingen mat eisem Annabelle wat mer mam Maillot jaune méi schéin gema hunn. Hat ass um Hafen vun Stavoren voller Enthusiasmus bei 3 jong Männer gelaaf déi bei engem Grill stoungen an gefrot op mer den Owend grillen géingen. Si woren awer keng Aigles mee Schwäizer déi och mam Boot ennerwee woren.
Nach en Dag gudd Wierder an 2 Scheffer di einfach am Mier stoen bleiwen, dat sinn 50 Scouten di schwammen ginn an vun den Booter sprangen. Dëst war fir all Mensch eng riesen Freed. Dei eng hunn vun der Sonn profiteiert sech ze bronzeiren dei aaner sinn vun den hechsten plaatzen vum Boot roofgesprongen.No desem utrengenden Dag hunn mer owes eng flott Partie Jeopardy gespillt, organiséiert vum Jessica an Jessicaaah (Teia & Nora). Doduerch hunn ma eist Allgemengwessen vergréissert (mer wessen lo all wéi dem Ken säi Papp mat Familliennumm heescht) an dann sinn d’Scouten gudd midd an d’Bett gaangen.
19 Juli 2016
Fier den nechsten Dag sinn mer vun Harlingen op Kornwerderzand gefuer mat eisem Chiara am Maillot jaune. Während eisem Trajet sinn mir op eng Sandbank gefuer wou mer 2 Stonnen op d’Waasser gewaart hunn fier weiderzefueren. Fier eis d’Waardezäit bessi ze verkierzen, sinn mer all e bessen schwammen gaangen (an och mol vun Kriibsen an d’Déck Zeif gebass ginn) an dann hunn mer eis Rees fortgesaat.
Den Owend hunn mer bei engem ganz romantegem Sonnenennergang Herzblaat gespillt, wou sech bestemmt e puer Scouten schlussendlech fonnt hunn.
20. Juli 2016
No enger gudder Nuecht Schloof sinn di zwee Booter vun Kornwederzand op Terschelling weidergefuer an hunn d’Caroline Schilz mam Maillot jaune matgeholl. Hat haat ob deem groussen Boot ebessen d’Orientatioun verluer an ass amplaatz no lénks an séng Zemmer ze goen , no riets ganz onwëssend an dem Ben an Lisi hier Kajutt rangangen.
Fier sech e bessen ze entspaanen sinn d’Scouten mettes op d’Plage gaangen an hunn sech am Wattenmier amüséiert. E puer Scouten konnten sech awer ned wieklech entspaanen, schliesslech haaten si den Owend hiert Verspriechen. Dest huet ganz offiziel mat Faakelen an Uniformen op engem Bierg mat vue op d’Mier stattfonnt an d’Chiara Buck, d’Lou Gutenkauf, d’Sarah Schiltz an den Thomas Beckius hunn ganz stolz hieren Foulard entgéint geholl.
21. Juli 2016
Den ganzen Dag drop hunn mer zu Terschelling verbruecht an eng flott Velostour gemaach.
En klengen Accident mat oppenen Knéien an enger riisen Universe-Blo Plaatz wo leider och dobäi, mee eist léift Zorie huet sech erem gudd erholl. Op der Plage bei déi mier gefuer sinn hunn mer och e puer schloofend Leit (Laurie) agebuddelt, mee och aanerer wéi d’Maeva wat just nach den Kapp dobaussen haat, an den Tom Calmus deen sech wéi an H2O an eng Meerjungfrau verwandelt huet.
Eist Laurie hat och d’Chance sech am Maillot Jaune ze weisen, well hatt bei en agebuddelten Kriibs gelaaf ass an gemengt hued en wär dout, wei hat en obgehuewen huet, huet et rausfonnt dass den Kriibs nach ganz lieweg war an et ass baal vun him gebass ginn.
Als Nuetspill hunn mer ganz kreativ eng Pokemon-Go partie gespillt, just e bessen méi cool wéi soss… mat richtegen,liewegen Pokemonen ! An well mer se all gefangen hunn, sinn mer gudd midd owes schloofen gaangen. #gottachatch’emall
22. Juli 2016
No engem ganzen Dag Terschelling ass eis schon erem sou langweileg ginn dass mer hunn missen weiderfueren, an zwar op Texel. Do sinn mer erem bessen an d’Vergaangenheet gereest an op der Spillplaatz gespillt an sinn dann ganz erwuessen erem an « d’Staat » vun Texel gaangen, also amfong just an den Spar gelaaf an hunn Iessen kaaf…
Fier no dem ganzen Iessen rem e bessen Sport ze man, hunn mer owes « die perfekte Minute » gespillt, gudd gelaacht an sinn rem ganz midd an d’Bett gaangen.
23. Juli 2016
Eier mir op ‘den Helder’ gefuer sinn, sinn mir an den ‘Ecomare’ Robben an Schweinswaale kucken gaangen, dei verletzt sinn oder hir Elteren leider verluer hun. Mir konnten eisen Blëck net vun deenen süßen Déieren wenden. Am beschten hun eis dei Robbenbabies mat hieren groußen Aan gefall. En plus, konnten mir nokucken wéi d’Schweinswaale gefiddert gin sinn. Iergendwann missten mir dann och erem zereck ob d’Boot an nom Mettesiessen sinn mir weidergefuer ob den Helder. Wei mir dun ukomm sinn hun mir eis op eng grouss Wiss niedergesaat an Siedler gespillt. Dueno gouf et gudd z’Iessen an fir den Daach oofzeschléissen hunn mer d’Bustavenspill gemaach.
24. Juli 2016
No enger gudder Nuecht wooren mir dunn or erem all erholl. Moies kruut d’Lisi den Maillot jaune well sain wonnerscheinen Sonnenbrell mool onabischtlech am Ecomare bei d’ Robben an den Becken op d’Besuch komm ass. No dem grousse Carré hunn mir eis dunn op den Wee fir op Enkhuizen gemaach. Et huet wirklech laang gedauert bis dass mir ukomm sinn! Wei mir dun schlussendlech ukomm sinn hunn mir eis op eng Wiss geluecht an hunn ‘loup garou’ gespillt. Am nemmlechten Moment hunn puer Cheffen an Explorer en Härr getraff deen den nemmlechten Foulard haat wei mir. Sie konnten sech et net entgoen loosen fir eng Foto mam Hollännechen Scout ze maachen. Owens sinn mer all Zesummen an een Restaurant gangen wou et lauter verschidden Pangescher gouf, an fir den Owend nach besser ze maan sinn dono mir eng excellent Glace iessen gaang.
25. Juli 2016
Endlech war et suwait, mir sinn weider ob Amsterdam gefuer. Ob der relativ laanger Rees op Amsterdam haat d’Schawi (Sarah) d’Eier den Maillot Jaune unzehunn. Wei mir dunn Owes no ee puer Stonnen Fahrt ukomm sinn hun mir direkt giess. D’Rover an d’Explorer sinn dun an Foodhallen iessen gaangen. Als Nuetsspill hunn mir dunn ‘Schmuggler’ gespillt. Schmuggler ass wirklech een super flott Scoutsspill well du bass en Gangster an du kriss eng Kaart an op der Kaart steet een vun Objet’en an du muss den op deng Base schmuggelen ouni dass du gefangen gess. Police vum Spill muss versichen Gangsteren doovun oofzehaalen hier Objet’en ze transporteiernen. An esou ass een aneren Daag vum Sail verlaaf.
26. Juli 2016
Moies frei, mat vill Freed an gudder Laun, sin mir aus den Bett gesprong fir esou vill wei meiglech vun Amsterdam ze profiteieren. D’Emma konnt d’Staat mam maillot jaune Bewonneren. No dem Petit Dejeuner sinn mir dun och direkt an d’Staat gangen an sinn and den Nemo gaangen. Den Nemo ass een Wessenschafts Musée wou mir dan lauter Saachen austesten konnten et woor richteg flott and interessant. D’Explorer an d’Rover hun hieren eegene Program an enger Piscine gemaach. No den Nemo sin mir an eis Gruppen agedeelt ginn an hun dun den ‘Jeu de ville’ gemaach. Den Jeu de ville huet eis op all dei scheinsten Platzen bruecht. Zum Beispiel missten mir eng Photo firun dem Anne Frank Haus maachen oder mir missten eng originel Photo firun dem IAMSTERDAM maachen. No dem ‘jeu de ville’ sinn dei meeschten shoppen gaangen. Den Daag zu Amsterdam ass ganz schnell verlaaf um halwer 7 hun mir eis dun och schon nees erem gesin fir zereck op d’Boot. No dem Iessen sin mir dun op eng Spillplaatz gaangen wou den gros vun eis dun Fussball gespillt hun. Dei aaner hunn Kaarten gespillt. Am Boot ukom ass dun Jidereen an sain Bett gefall an huet gudd geschloof.
27. Juli 2016
Moies frei, nach emmer zu Amsterdam, am Carré hun mir wei emmer den maillot jaune an Schepp an Reech aus gedeelt. Den maillot jaune kruut d’Anne. Schepp and Reesch woor richteg witzeg well normalerweis hun zwou Persounen Schepp an Reech well ‘leift’ hannert hierer Frenschaft stecht, mee des Keier kruut den Paul et mat sengem Sixpack. Nom Carré sinn mir dunn och schon weider op Lelystadt gefuer wou een groussen Outlet ass. Mir wooren richteg laang do an et woor och richteg flott zumools fir d’Meedecher. Owens huet jidereen sech prett fir den Casino gemaach. Jongen am Palton an d’Meedecher an hieren klengen Reck. Jidereen huet gudd matgemaach fir sech dono och mat engem Cocktail ze verwinnen. No dem Casino woor den Daag och erem oofgeschloss an jidereen ass schloofen gangen.
28. Juli 2016
Eisen leschten vollen Daag um Sail 2016 fengt moies frei am alldeglechen Carré un wou den Pit Raas den maillot jaune iwerrescht kruut. Haut wooren mir vun Lelystatt erem zereck op Kampen gefuer. Waerend der Fahrt hun mir all gepaakt and mir hun an eisen Patrullen owens fir d’Veillée geuebt. No dem Mettegiessen sinn mir an engem ‘kanal’ stoen bliwwen an mir dueften schwammen goen, et huet leider gerent mee d’Waaser woor awer ziemelech warem an et huet eis richteg Spaass gemaach all zesummen eranzeplanschen. No circa 40 Minuten sinn mir dun och erem weidergefuer. Endlech zu Kampen ukomm huet jidereen nach eng Keier seng lescht Saachen agepaack and mir hun eis prett fir d’ Veillée gemaach an sinn dun all zsm bei d’Breck gaangen wou d’Veillée ugefangen huet. Et woor flott ze gesinn wei jidereen sech richteg Mei gemaach haat fir den Owend ze prepareiern. D’Scouten haaten an de Patrullen jeweils een Lidd emgeschriwen, Rover hun eng ‘Numm Geschicht’ geschriwen, puer Spiller prepareiert and och een wonerscheint Lidd emgeschriwen. D’Veillée woor dunn leider immens schnell ferdech.
No enger kuerzer Nuecht sinn mer erem all aus dem Bett gehait ginn fir d’boot ze botzen. Firdrun, am Carré kruut den Victor den maillot jaune well et eng Traditioun ass, dass Teschen den Maillot Jaune mat heem huelen. Fir d’Boot esou propper wei meiglech ze kieren and ze schrubben sin mier an Gruppen opgedeelt ginn wou mir dun richteg productiv gebotzt hun. Fir 11 :30 wooren mir dun och färdeg an hun nach eng leschten Keier dem Miri, Jochen, Olaf an dem Willi Merci gesoot an hop wooren mir an dem Bus fir zereck. No 5 Stonnen Fahrt mat gudder Stemmung sinn mir dun och an eisem Grand-Duché ukomm. Zu Letzebuerg sinn mir du leiw vun eisen Elteren begreisst ginn an als Oofschloss hun mir dun, wei et sech fir e Scout passt, eng Chaîne des adieux gemaach.
]]>