top of page

FREQUENTLY ASKED QUESTIONS

  • Wat Sinn Scouten?
    Scouten ass en Weltjugendmouvement vun Jonken fir Jonker, gegrënnt 1907 vum Lord Baden Powell an England. Zu Lëtzebuerg ass den Mouvement opgedeelt an: d’FNEL (fédération des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg) déi laïque ass d’LGS ( Lëtzebuerger Guiden & Scouten) déi Chrëchtlech ass. D’Aigles sinn een vun den 29 Gruppen vun der FNEL. Hei fannt dir méi Info's iwwer d'FNEL
  • Waat ass FNEL?
    D'FNEL (Fédération Nationale des Eclaireurs et Eclaireuses du Luxembourg) ass 1914 entstanen a war 1922 Grënnungsmember vun der heiteger OMMS (Organisation Mondiale du Mouvement Scout), déi weltwäit iwwer 57 Millioune Jongen a Meedercher am Scoutismus vereenegt. D’FNEL ass Membre Fondateur vu Scouting in Luxembourg (SIL). S.A.R. de Grand-Duc héritier Guillaume ass „Chef Scout“ vu Lëtzebuerg. (Source : Fnel.lu)
  • Ween sinn d'Aigles?
    D'Aigles sinn een vun den 29 Scoutsgruppen aus der FNEL an mir hunn eis Versammlungen am Rolléngergronn. Fir méi iwwer den Grupp eraus ze fannen, click hei
  • Wou an wéini kréien ech mäin Foulard ?
    Däin Foulard kriss du um Verspriechen, dëst ass fir d’Beaver oft en Owend an fir d’Wëllefcher en Weekend. All neien Member kritt réischt en Foulard wann en säin Verspriechen gemaach huet. Dëst gëtt puermol d’Joer organiséiert, och oft op engem Camp, dat heescht, verpasst et net. Wann's du däin Verspriechen Gemaach hues an däin Foulard verluer hues, kanns du am Aigles-Shop en neien Kafen. Fir dat z’evitéieren, schreif däin Numm op däin Foulard.
  • Ginn d'Cheffen bezuelt?
    NEE. D’Engagement an den Scouten ass 100% benevole. D’Cheffen maachen déi ganz Aarbecht niewent der Schoul an hiren aneren Aktivitéiten.
  • Ween passt op meng Kanner op?
    All Aktivitéiten ginn vun eisen Cheffen gehaalen. All Branche (dh all Altersgrupp) huet hier eegen Cheffen. Eis aktiv Cheffen an den verschiddenen Branchen sinn Jonker tëschent 15 an 21 Joer, déi selwer an den Scouten waren an den Kanner Aktivitéiten niewent der Schoul organiséieren. D’Cheffen maachen wärend hirem Engagement Formatiounen déi vun der FNEL gestallt sinn an duerno engem Brevet Animateur C entspriechen. Duerch dës Formatiounen an hier Erfarung als Scouten kréien si dat néidegt Wëssen fir är Kanner z’encadréieren an den Grupp ze leeden. Niewent den aktiven Branchencheffen existéieren awer och nach Gruppecheffen déi bëssen méi al sinn an den Cheffen bei allem Hëllefen, an en Comité. Dat ganzt baséiert, bei all Niveau vum Grupp op Benevolat.
  • Wou kréien ech eng Uniform an wou kommen d’Badgen hin?
    Deng Uniform kanns du am Scout Shop vun der FNEL kafen (sur place oder iwwer Internet). Mam Foulard weist d’Uniform dass du Scout bass an zu wéi engem Grupp an wéi enger Branche dass du gehéiers. Mir hunn och en SECOND HAND SHOP: dësen ass interessant fir Beaver (déi schnell aus der deierer Uniform rauswuessen), mais et ginn och nach aaner gréissten. Mei Informatiounen bei den "Shop" froën. Hei um Beispill geseis du wou deng Badger hikommen :
  • Wéi Fonctionéiert eng Versammlung / Sortie?
    Waat & Wou: All Samschden vun 14-16h Versammlung bei eis am Home (31, montée des Tilleuls, Rollingergrund). Am Ufank vum Trimester schécken mir iech en Trimesterprogramm mat all den Aktivitéiten déi dat Trimester sinn. Dësen fannt dir och am Totem. RDV : beim Home, zu Fouss oder mam Velo. WEG FEIERT KENG KANNER MAM AUTO BEI D’HOME. D’Versammlungen sinn gréisstendeels dobaussen an d’Kanner maachen sech gären knaschteg. Passt also op dass der hinnen net ganz nei oder ganz wäiss Kleeder unditt fir an d’Scouten. Sortie Eng Sortie ass eng Aktivitéit déi 6-8 Stonnen huet. Des kann Samschdes oder Sonndes sinn an fir all Sortie kritt dir Informatiounen geschéckt. Sproochen vun den Aktivitéiten: D’Versammlungen sinn op Lëtzebuergesch. All Cheffen kennen awer och Däitsch, Franséisch an Englesch an kennen ëmmer eppes iwwersetzen wat net gutt verstanen ginn ass. Bei Besoin huet d'FNEL awer och en Franséichen an en Internationalen Grupp.
  • Wat ass den Totem?
    Den Totem ass eis Zeitung, déi mir all Trimester rausbréngen. Se ass voller Fotoen an Rapport'en an Infoën. Wanns du den Totem als Papeierversioun wëlls, dann schreiw dech hei ann: TOTEM Eisen Totem gëtt och digital verschéckt, all kéiers mat engem neien Passwuert, wat och nët soll weiderginn ginn.
  • Ween a Waat Sinn d'Gruppecheffen
    D'Gruppecheffen sinn déi, di den Cheffen bei der genereller Organisatioun vum Grupp Hellefen. Sie géréiren Formatiounen, d'Kommunikatioun mat den Elteren, äntweren op Froën an villes méi. Sie sinn ebëssen méi aal wéi di aktiv Cheffen an den Branchen an all Joër kann an der Cheffenequipe Branche en Changement sinn. Dësst Joër sinn den Aigles hir Gruppecheffen: Chef de Groupe: Sarah Schiltz Assistant Chef de Groupe: Nicolas Klop Assistant Chef de Groupe: Anouk Kayser Assistant Chef de Groupe: Lex Kaiser
  • Wat sinn Beaver ?
    D’Beaver sinn déi jéngst Branche aus der FNEL an léiren d'Welt mam Bibu an séngen Frënn kennen. Hei steet Team an Frëndschaft am Mëttelpunkt. De Grupp vun den Beaver nennt een eng Beavercolonie. De Beaver hier Devise ass “Deelen,Deelen,Deelen”. D'FNEL acceptéiert Beaver ab 5 Joër, wéinst der héiger Demande, hunn d'Aigles décideiert den Mindestalter op 6 Joër erop ze schrauwen.
  • Ween sinn Beavercheffen a firwaat hunn dei su komesch Nimm?
    D’Beaver an d’Wëllefcher sinn op respektiven Geschichten opgebaut aus deenen d’Cheffen hier Nimm kréien. D'Kanner sollen och den Cheffen hieren Scoutsnumm an der Versammlung benotzen. Bei den Beaver ass dat d’Beavergeschicht wou déi 2 Beaver Bibu an Jolly sech um Weier begéinen an do vill nei Frënn kennen léieren, sech ameséieren an zesummen d’Natur an den Bësch kennen léieren. D’Beavergeschicht léieren d’Kanner wärend hirer Zäit an den Beaver kennen. Hei sinn den Beaver hier Cheffen dëst Joër: Chef de colonie: Bibu (Gabri) Assistant Chef de Colonie: Barry (Elisa) Assistant Chef de Colonie: Grigri (Louise/Loulou) Assistant Chef de Colonie: TicTac (Lynn) Assistant Chef de Colonie: Mysa (Clara)
  • Waat sin Beaver Aktivitéiten?
    Beaver hunn wéi all Mënsch am Grupp Versammlungen, Sorti'en an Camp'en. Op den Versammlungen gëtt vill dobaussen gespillt an awer och mol bannen gemoolt oder gebastelt. Denkt drun ëmmer dem Wieder ugepasste Kleeder unzedoen. Camp'en sinn eng super Erfahrung fir d'Beaver, och wann et fir vill déi eicht Kéier ass wou sie nët doheem schloofen. Méi Info'en fenns du bei der nächster Fro.
  • Wéi fonctionnéiren Camp'en fir Beaver? (Conditiounen, Schloofen etc.)
    Wini kann den Beaver op den Camp? Mir huelen ganz gären all Beaver mat op den Camp, deen sech traut an der Idée nët doheem ze schloofen gewuess ass Wat brauch mein Beaver um Camp? Fir all Camp gett eng Materialslëscht matgeschéckt. Beaver schloofen ëmmer op Better an brauchen dofir am Prinzip nach keng Carrymatte. Kann ech mein Beaver just am Daach op den Camp brengen? NEE Kann ech mein Beaver eichter sichen kommen? NEE, mir probéiren all va et viens z'évitéiren well dat den Programm stéiert, deen d'Cheffen zesummegestallt hunn. Bei klengen Ausnahmen kënnt der awer mol nofroën. Kann mein Beaver just eng Nuecht op den Camp? NEE, mir wëllen dëst am Prinzip évitéiren fir dass Kanner all déi selwecht Erfahrung hunn. Wann awer mol en Camp mat enger Vakanz iwwerkräitzt kennt der jo gären mol bei den Gruppecheffen nofroen
  • waat ass de BEAVER FUN DAY?
    D’FNEL organiseiert all Joër eng Branchespezifesch Federals Aktiviteit. Fir d’Beaver ass dësst ëmmer den 9. Mee den BEAVER FUN DAY wu all d’Beaver aus de verschiddene Gruppen vun der FNEL sech treffen fir en flotten Daach zesummen ze verbrengen mat ville Spiller an Aktiviteiten.
  • Wat sinn Wëllefcher?
    D’Wëllefcher sinn d’Kanner vun 8 bis 10 Joer. Hier Devise ass « Mir dinn eist Bescht » an si liewen no der Dschungelgeschicht an enger Meute, wou sie am Ruddel liewen. D’Meute ass ëmmer nëmmen sou staark wéi deen schwächsten Wëllefchen, dofir mussen se zesummenhalen an zesummen schaffen. Hier Methoden an Gesetzer baséieren um Dschungelbuch an si sollen wei den Mowgli leieren grouss ginn. Den Wëllefchen versprécht all daach engem eng Freed ze maachen an säin Bescht ze dinn. Hieren hapt Chef ass den Akela deen awer vun aneren Cheffen ënnerstëtzt gëtt. Sie léieren an den Wëllefcher Respekt an mateneen liewen an eenz ginn.
  • Wat ass eng Sizaine, en Sixer, en Second ?
    Vu dass d’Kanner léieren zesummen ze schaffen an ze liewen, sinn si an sizainen opgedeelt. Dëst ass en Grupp vun 6-8 Kanner geleet vum Sixer an assistéiert vum Second. Sie heeschen no Faarwen an hunn en Kreesch: zum Beispill: déi Brong – hunn ganz schein Schong. Den Sixer ass en Wëllefchen deen säit laangem dobäi ass, responsabel ass an schonn gutt Hëllefen kann. Den Second ass en bëssi méi jonken Wëllefchen deen nach net grad déi nämmlecht Responsabilitéiten huet wéi den Sixer, mä deen en kéint ersetzen falls den Sixer net do ass.
  • Firwat heeschen meng Cheffen nom Dschungelbuch ?
    Wéi gesot liewen d’Wëllefcher no der Dschungelgeschicht, vun do kommen och hier Nimm. Dëst ass eng Traditioun, déi mir gären bäibehalen. Den Wëllefchen deen montéiert nennt säin alen Chef och nach emmer mam Wëllefchersnumm. Hei sinn déng Cheffen dëst Joër: Chef de Meute: Bagheera (Vicky) Assistant Chef de Meute: Mang (Anouk) Assistant Chef de Meute: Chilwa (Inès) Assistant Chef de Meute: Baloo (Sam) Assistant Chef de Meute: Rakscha (Leana) Assistant Chef de Meute: Hathi (Inte)
  • Wat ass d’Montée?
    D’Wëllefcher maachen, wann se 11 Joer hunn hier Montée. Dëst ass den Iwwergang vun den Wëllefcher an d’Scouten. Genau sou wéi dem Mowgli seng léierzeit am Dschungel op en Enn geet, gëtt et och bei den Wëllefcher Zäit d’Branche ze wiesselen an en neien Schrëtt um Scoutswee anzeschloen. Wärend der Montée, déi Owes ass, ginn déi al Wëllefcher duerch en Piste-poste duerch den Bësch geleet, wou si lues a lues déi nei Branche kennen léieren an fannen sou hiren Wee an d’Scouten. D’Montée ass en Weekend am Oktober. Duerno kann d’Kand an déi nei Branche. All Kand fänk d’Joer an senger Branche vum Joer virdrunner un.
  • Ween sinn d'Scouten?
    Scouten sinn vun 11-13 Joër. Hei léiren Sie, wéi een dobaussen eenz gëtt an kréien schon epuer Responsabilitéiten. Sie maachen Constructiounen, vill Spiller, ginn op en Hike an setzen och mol beim Feier. Scouten schloofen um Péngscht an Summercamp an Zelter an och heinsdo um Ouschtercamp.
  • Ween sinn Scoutscheffen?
    Dëst Joër sinn är Cheffen: Chef de Troupe: Emilia Assistant chef de troupe: Samuel Assistant chef de troupe: Violette Assistant chef de troupe: Sofia
  • Waat ass en CP / SP ? Wat sin Patrullen?
    An der Scoutsbranche gitt der an Patrullen (gruppen) opgedeelt, déi mat engem adjektiv an engem Déier benannt sinn (zB geckeg Aafen) an dann erfannt der iech en Kreesch dobai, deen bei är Patrull passt. All Patrull huet en CP (Chef de patrouille) deen meeschtens en aalen an aktiven Scout ass an dei ganz Patrull leeden kann wann den Chef net do wär, an en SP (Second de patrouille) deen den CP kéint ersätzen. Dei aaner Scouten sinn dann Patrouillard'en.
  • Wéi kann ech (mein Kand) Member bei den Aigles ginn?
    Fir Member bei den Aigles muss du op info@lesaigles.lu schreiwen an dann kriss du vun den Gruppecheffen eng Souche d'Inscription an eng Fiche Médicale déis du ausfëllen muss an zréck op info@lesaigles.lu schécken muss. OPGEPASST: 1) Wéint der héiger Ufro, huelen mir am Moment KENG Beaver méi ënner 6 Joër un. 2) Beaver (6-7 Joër) Leider hunn mir eng Waardelëscht bei den Beaver an kënnen dëst Schouljoër keng nei Beaver unhuelen. Wanns du wëlls fir d'next Schouljoër bei eis ufänken, dann schreif dëch schnell op eis Waardelëscht. 3) Wëllefcher (8-10 Joër) Mir kënnen leider fir dëst an nächst Schouljoër keng nei Wëllefcher méi unhuelen. Mais keng Angscht, et ginn nach aaner Flott Gruppen wous du bei den Wëllefcher eng Plaatz fënns (Gruppen vun der FNEL)
  • Muss ech mech all Joërs rëm nei an den Aigles Umellen?
    NEE. Emol Scout, ëmmer Scout 😊 Déng Fiche d’Inscriptioun zielt als definitiv Umelldung an ass fir d’Liewen gëlteg. Wanns du awer nët méi wells/kanns kommen, mell dech wannechgelift bei den Gruppecheffen (info@lesaigles.lu) oof. Falls un der Fiche médicale eppes ännert, muss du eis déi nei schécken.
  • Mein Kand steet op der Wardelëscht, ass séng Plaatz sëcher?
    JO. Subaals du op eiser Wardelëscht stees kanns du spéitstens fir d'nächst Schouljoër bei den Aigles ufänken. Du muss dëch och net nachemol op d'Wardelëscht aschreiwen. Merci eis bescheed ze soën falls du déng Plaatz aawer nët kéins/wéils haalen.
  • Ech sinn op der Wardelëscht, wini kann ech Ufänken?
    Eis Waardelëscht ass ëmmer fir dat nächst Schouljoër geplangt. Mir machen aawer fir all Trimester en Update mat den Cheffen fir ze kucken, op mir déi eelst op der Wardelëscht schon kéinten unhuelen. Falls mir dëch also eventuell éichter unhuelen géingen firum nächsten Schouljoër, dann kriss du vun eis eng Email mat der Souche d'Inscription an der Fiche médicale an all den néidechen Infoën. Merci ëmmer op dës Email ze äntwerten, och wanns du nach nët wëlls/kanns kommen, sou wëssen mir ëmmer weivill Platzen frai sin
  • Wat ass d’Montée?
    D’Wëllefcher maachen, wann se 11 Joer hunn hier Montée. Dëst ass den Iwwergang vun den Wëllefcher an d’Scouten. Genau sou wéi dem Mowgli seng léierzeit am Dschungel op en Enn geet, gëtt et och bei den Wëllefcher Zäit d’Branche ze wiesselen an en neien Schrëtt um Scoutswee anzeschloen. Wärend der Montée, déi Owes ass, ginn déi al Wëllefcher duerch en Piste-poste duerch den Bësch geleet, wou si lues a lues déi nei Branche kennen léieren an fannen sou hiren Wee an d’Scouten. D’Montée ass en Weekend am Oktober. Duerno kann d’Kand an déi nei Branche. All Kand fänk d’Joer an senger Branche vum Joer virdrunner un.
  • Waat ass den Summercamp? An fir ween?
    Summercamp ass en Camp fir Scouten, Explorer, Rover an Aquila, wärend deem mir ëmmer fir 2 Wochen an d’Ausland ginn. Do schlofen, kachen an liewen mir an Zelter an Erliewen vill zesummen. Dësen Camp ass d’Chance fir cool Stied ze gesinn an d’Scoutscollegen mol anescht ze gesinn. Bëssen wéi eng Vakanz mat Frënn, ouni Elteren. Wëllefcher an Beaver hun KEEN Summercamp. Exceptioun: Heinsdo huelen mir déi aal Wëllefcher mat op den Summercamp, dëst gett dann am Ufank vum Joër annoncéiert.
  • Wéini sinn Camp’en?
    Mir hunn 4 Camp’en an 1 Weekend dei all Joër statt fannen. Hier Datumer ginn am Ufank vum Joër publizéiert. Se sinn ëmmer wärend den lëtzebuergeschen Schoulvakanzen an heiansdo kann en Weekend bäikommen. - Montée: en weekend am Oktober (fir all Branche) - Chrechtcamp & Ouschtercamp: (fir all Branche) o 2 Nuechten BV & LX o 3 Nuechten SC & EX - Pengschtcamp(fir all Branche) o 2 Nuechten BV o 4 Nuechten LX, SC & EX - Summercamp: o 2 eicht wochen vun der Summervakanz o Am Ausland o SC, EX, RO,AQ
  • Mäin Kand hellt Medicamenter, wiem muss ech déi ginn?
    Déi muss een em Chef um Depart matginn, am beschten mat enger Erklärung. Dësen Chef këmmert sech dann em d’Distributioun vum Médicament.
  • Mäin Kand verlaangert schnell, däerf et och op den Camp ouni do ze schlofen?
    Nee. Den Camp ass ëmmer mat Iwwernuechtung, wann een Kand däerf heem, wëllen déi aner och, dofir wëllen mir dat à tout prix evitéieren.
  • Duerf mäin Kand en Handy um Camp hunn?
    Nee, mir probéiren no der Idée « Keen Handy op Scoutsactiviteiten » ze fonctionnéiren an su mann wéi méiglech um Handy ze spillen wann eng Aktivitéit amgangen ass. En plus kann den Handy an de Scouten verluer goen oder geklaut ginn. Wann dir awer ärem Kand den Handy wëllt matginn, ass et op är eegen Responsabilitéit. Wann d’Cheffen mieken dass d’Kand zevill um Hand yass an et net nolaustert wann se soen dass keen handy benotzt gett, kennen se den Handy den Kanner och oofhuelen fir eng kuetz Zeit.
  • Waat ass en Scoutsrucksaak?
    Hei gesitt dir en Beispill vun engem Scoutsrucksaak. WEG gitt ärem Kand KENG Valise etc mat. Fir Beaver an Wëllef ginn +/- 35+10 Liter duer Fir Scouten an Explorer sinn et ongefeier 55+10 Liter, vu dass déi och mol op en Summercamp vun 2 Wochen matginn. Fir den Summercamp : wann der en Dufflebag huelt, denkt drun en Scoutskrucksaak fir den Hike matzehuelen.
  • Waat ass eng Gamelle, kann mein Kand net einfach Telleren aus dem Home huelen?
    Hei ass en Beispill vun enger Gamelle. Dir braucht dat, well mir net iwwerall Telleren oder genuch Telleren hunn wou mir higinn.
  • Main Kand huet eppes verluer/vergiess um Camp, wu fannen ech dat rem?
    Mir maachen no all camp eng “Schwaarz tuut” wu all Objet trouvé heichgehaalen get an dann kennen Kanner dat sichen kommen. Do ass et emmer praktesch wann Elteren ronderem stinn bei den klengen Kanner, dann fannt der är Sachen mei secher rem. Alles waat nach dueno iwwerech bleiwt steet eng Zeit am Home. VERGIESST NET ALLES ZE BESCHRËFTEN --> Vill Kanner hunn déi nämmlecht Kleeder, an surtout den nämmlechten Aigles Plover, dofir schreift den Numm dran.
  • Waat ass den Ënnerscheed vum FNEL an vum Aigles Shop?
  • Gett et en Second Hand Shop?
    Jo, eisen Aigles Shop huet eng "Second Hand" Statioun opgemaach. Hei kritt dir Uniformen oder Aigles Ploveren déi ze kleng ginn sinn fir en mini Präis. Dëst ass surtout intressant fir Beaver a Wëllef déi schnell aus hieren Kleeder rauswuessen. Wanns du aal Uniformen an Ploveren hues, wous du rausgewuess bass, kanns du den Cheffen dëss mat an d'Versammlung bréngen, dass se kënnen an den Shop geluecht ginn.
  • Waat ass eist Scoutsgesetz?
    E Scout e Wuert E Scout ass éierlech a fair E Scout ass manéierlech E Scout respektéiert jiddereen, sou wéi en ass E Scout léisst keen am Stach E Scout setzt sech a fir Ëmwelt an Natur E Scout mécht aus allem dat Bescht E Scout mécht all Dag eng BA E Scout respektéiert, wat him an anere gehéiert Scouten halen zesummen (Source : Fnel.lu)
  • Waat sinn eis Verspriechen?
bottom of page