top of page

ONSE GROUPE 

Fannt méi eraus iwwert eis Geschicht als Scoutsgrupp an iwwert eise Chalet. 

Ons geschicht

Les Aigles goufen 1925 gegrënnt an sin dohir eng vun de gréissten an eelste Scoutsgruppe zu Lëtzebuerg. Saitdeem hunn eis forméiert an héich motivéiert Cheffen a Cheftainen all Joer iwwer 80 jonk Leit a Jugendlecher encadréiert. Zesummen liewen sie de Gëscht vum Scoutissem.

 

De Grupp ass Member vun der FNEL, der Féderation nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg. D'FNEL ass eng laïzistesch a pluralistesch "association d’utilité publique", a besteht aus 26 lëtzebuergesche Scoutsgruppen. De Symbol vun der FNEL ass d'fleur de lys.

 

De Scoutissem, am Joer 1907 gegrennt gin vum Lord Baden-Powell vu Gillwell, bekannt als B.P., ass déi gréisste Jugendbewegung op der Welt. D'Schlësselelement ass Toleranz. De Motto "all Dag eng Bonne Action" ass haut nach relevant.

Onse Chalet

Matzen am Häerz vun der Stad Lëtzebuerg, op der Grenz vum Rollengergronn, läit de Chalet vun den Aigles (FNEL). En ass eenzegaarteg, als éischt wéinst senger Lag a senger Rou, mä och wéinst senger Proximitéit zum Bambësch a senger aussergewéinlecher vue.

 

Holz gouf als de dominante Baumaterial gewielt, well et de Virdeel huet perfekt an dës Ëmwelt ze passen, an och well, duerch säi reduzéierte Gewiicht, en wärend der Konstruktioun einfach ze benotze war. Déi kloer Struktur vum Chalet erméiglecht de jonke Benotzer d'Konstruktiounsmechanisme vum Gebai ze verstoen.

 

De Chalet huet eng equipéiert Kichen, Buedzëmmer, zwee Duschen, e grousst Versammlungsraum fir 40 Leit, e grousst dräifach deelbar Zëmmer (3 x 20 Leit) an e grousst multifunktionelle Raum mat enger Kapassitéit vun 100 Leit. Zwou grouss Terrasse vun enger Längt vun 200m kënnen Zelter fir ongeféier 30 bis 40 Leit ophuelen. Eng grouss Wiss vun 2 Hektar ka fir Baussenaktivitéite benotz ginn.

bottom of page