SAIL 2010

July 24th, 2010

Endlech ass et souweit, 1 Joer Fierbereedung an 1 Joer Fierfreed sin lo endlech eriwer, et geet op de SAIL!!!

Och wa vill Leit mengen dass et do ganz gemittlech wäert sin, dass et souguer eventuell kee richtege Scoutscamp kéint sin, dene Leit musse mer vleit soen dass dat net alles richteg ass:

Um Sail liewen mer 2 Wochen zesummen op ganz enkem Raum. Dat sin 2 Wochen wou mer léieren wäerten zesummen mat denen aneren eenz ze gin, zesummen ze schaffen, zesummen ze segelen, etc. Hei ass et onméiglech de Leit aus dem Wee ze goen. An bis elo war et nach ëmmer sou dass op sou Plazen eng immens Stëmmung an eng super Gruppendynamik enstet!

Och wäerte mer vill léieren wat d’Segelen uget, an zwar duerch déi berühmt Method vum “Learning by doing”. Och wa mer 2-3 professionnel Skipperen um Boot hun wäerte mer ganz vill selwer maachen, Segelen erop, Segelen unzéien, Schwerter erop an erof, Segelen erof, “klar Schiff” maachen, raumen, kachen, asw.

Also, ech denken dat gett e super Camp! Vill Spaass wënsche mer jidferengem deen dobei ass!!! An all denen wou et verpassen ee klengen “ooooooooooooooohh”, an awer och eng schéi Vakanz :-)

Pow-wow

July 8th, 2010

Zum Oofschloss vun eisem Scoutsjoer ass fierum SAIL nach de POW-WOW um Programm. Kommt all mat op déi grouss Safari op Munneref wou mer bestemmt zu 1000 Beaver, Wëllëfcher, Scouten, Explorer a Rover wäerten e flott Fest feieren!!

Rendez-vous: 9.00 op der Gare an der Stat

Retour: 17.15 op der selwechter Plaz

Denkt un: Pic-Nic, Verkleedung, Uniformshiem am Rucksaak, Ersatztshirt fier d’Explorer.

Straussfeier

July 3rd, 2010

Kaum ze glewen, mee et ass kee Witz! Et ass well een Daach op eisem neien Home!!!! De Chantier geet also fierun! Fier dass jidfereen vun eise Beaver. Wellefcher, Scouten, Explorer, Rover, a vun all eise Frënn d’Geleegenheet huet dat ze gesin, treffe mier eis haut de Mëtteg no der Versamlung am halwer 4 am Haff bei de Wëllëfcher!!

Versamlungen vum 26. Juni

June 26th, 2010

Beaver a Wëllëfcher: Versamlung vun 14:00 - 15:30

Scouten: Versamlung vun 14:00 - 15:30

Explorer: Versamlung vun 16:00 - 17:30

Fakelzuch

June 21st, 2010

Den 22.Juni ass rëm den traditionnellen Fakelzuch duerch d’Stat. Den Trajet huet dëst Joer geännert, an zwar gi mer vun der Gare iwert déi Aal Bréck, dann laanscht d’Gëlle Fra bis bei d’Nei Bréck wou dann och scho Schluss ass.

Rendez-vous: 19.30 bei der HOGA an der rue Semois. Bréngt puer Mënz mat fier eppes ziessen an ze drénken.

Retour: 22.30 op der grousser Kreizung beim Casino an der Neier Bréck.

Dot w.e.g. all eng tiptop Uniform un!

Daag vun der Natur

June 16th, 2010

Dëse Sonndeg ass groussen Daag vun der Natur op der Kockelscheier, dofier:

Beaver an Wëllëfcher: Versamlung ass nët Samstes, mee Sonndes vun 2 bis 4 beim Haus vun der Natur op der Kockelscheier!

Scouten: Patrullenversamlung Samstes vun 2 bis 4 am Home. Natierlech sin d’Scouten och Sonndes op der Kockelscheier häerzlëch invitéiert!

Nach eng schéi Woch wënscht d’Cheffenekipp!

12.Juni

June 7th, 2010

Hei si mer rëm, no 2 Wochen Update-Paus. Pardon dofier…

Op alle Fall si mer lo fit genuch fier de Recht vum Scoutsjoer an Ugrëff ze huelen, dofier hoffe mer natierlech dass och dier mat eis zesummen vum gudde Wieder wëllt profitéieren! Dofier hei mol den nächste Rendez-vous:

Dëse Samsteg ass souwuel bei de Beaver an de Wëllërcher wéi och bei de Scouten eng Versamlung vun 14.00 - 15.30 am Rolléngergronn!

Schéi Woch a bis e Samsteg!

Péngschtcamp zu Wooltz

May 17th, 2010

Endlech ass ët rëm sou weit, nächste Weekend geet et op de Gruppecamp!!! Nach kënnt der iech umellen, also zéckt net a gidd mat eis op Weltrees !!!

Rendez-vous: 22.Mee um 13.30 op der Stater Gare

Retour: 26.Mee um 16.10 op der Stater Gare.

De Camp kascht 60 €, mee wat si scho 60 € fier eng Weltrees?! :-)

Weekend vum 15.Mee

May 10th, 2010

Beaver a Wëllëfcher: Dëse Weekend ass Sixplo, eng grouss federal Aktivitéit wou all d’Wëllëfcher aus dem ganze Land deelhuelen! Dofier ass natierlech dann keng Versamlung e Samsteg!

Scouten: D’Caroline, d’Estelle an d’Carlotta organiséieren am Kader vun hierer Formatioun ee super Weekend fier d’Scouten zu Welscheid resp. zu Einen! Ech hoffen dier mellt iech zu vill un, gëtt bestemmt flott!!

Explorer a Rover: Groussen ING-Marathon de Weekend! Sidd present Freides Mëttes an Owes souwéi Samstes de ganzen Daag bis Owes (ganz) spéit :-)

Frënn vun den Aigles: Kommt all dësen Samsteg op déi grouss Marathon-Party bei der Gëllë Fra, dier wäert et nët bereien!! :-)

Weekend vum 8.Mee

May 3rd, 2010

Beaver a Wëllëfcher: Versamlung vun 14.00 bis ausnahmsweis 16.00 am Rolléngergronn.

Scouten: Versamlung vun 14.40 bis 17.00 zu Märel (bei der aler Molkerei, boulevard Marcel Cahen). Mier gin hei eng Zirkusfierstellung kucken :-)

Explorer a Rover: Rendez-vous e Freideg um 17.00 an e Samsteg ab 11.00 um Zaltimbanq! Eise Stand ass iwregens och e Mëttwoch besat, avis aux amateurs :-)