top of page

Mir proposéieren sechs verschidden Branchen, adaptéiert un all Altersgrupp.

scouten

11-13 Joer

"Ëmmer bereet"

Scout sinn heescht: Verantwortung iwwerhuelen, Spaass hunn, zesummen Aventuren erliewen, sech selwer weiderentweckelen, Techniken, Natur, Respekt, Toleranz, Kompetenzen entweckelen an neier derbäileieren.

 

Scoute liewen zesummen mat hire Frënn an enger Patrull, déi aus 6-8 Jongen a Meedercher besteet. An der Patrull ënnerhuele mir vill zesummen, an dozou kann a soll jiddereen säin Deel bäidroen. An der Patrull geet et drëms selwer Initiativ a Kreativitéit ze beweisen an zesummen ze schaffen.

​

De Scout ass ëmmer bereet, probéiert säi Bescht, iwwerhëlt Verantwortung par rapport zu sech selwer a senge Matmënschen a setzt sech mat senge Scoutsfrënn an fir eng besser Welt.

​

Eis Aktivitéiten

D’Natur kennen a respektéiere léieren, an duerch selwer maachen, dem „Learning by doing“ sech weiderentwéckelen, sti bei de Scoute ganz uewen op der Lëscht. Dat maache mer an der Patrull, am Grupp, op federalem Niveau an esou guer international.

​

Versammlungen, Sortien, Weekender, Campen, Zelten, Jamboree on the Air and on the internet, Techniken, Feier, Ofseelen, Aventure, Hike, Sport, Kultur, Fotoen, Reporter, Waasseraktivitéiten, Vertrauen, Spiller, Lagerfeier, Sangen, Quiz, Staadtspiller, Bonne Action a villes méi ass bei eis um Programm.

bottom of page