top of page

Mir proposéieren sechs verschidden Branchen, adaptéiert un all Altersgrupp.

IMG_1104.jpeg

"Deelen, deelen, deelen"

 

D’Beaver sinn déi klengst an déi jéngst Branche an der FNEL.

​

Et si jonk Kanner am Alter vu 5-7 Joer, déi sech “um Weier” begéinen, fir zesumme mat hire Beaver-Frënn Freed ze erliewen, sech z'ameséieren a fir vill Neies ronderëm d’Natur an de Bësch kennen ze léieren.

​

Si liewen an der Beaver Colonie a klenge Gruppen agedeelt: d’Beaverdämm, déi alleguer de Numm vun engem Bam droen.

​

Si liewen no der Geschicht: d’Frënn aus dem Bësch. An där begéine sech eng Mënschefamill an eng Beaverkolonie a léiere mateneen deelen an erliewen zesumme flott Aventuren am Bësch.

​

OPGEPASST: Opgrond vun héiger Nofro, hunn mir eng Waardelëscht bei den Beaver an huelen se lo bis un d'Änn vum Schouljoër eréicht ab 6 Joër. 

Wann dir ärt Kand wëllt op d'Wardelëscht sëtzen, dann fëllt dësen Google forms aus an mir kommen op iech zréck wann erëm Plaatzen frai sin. 

​

​

bottom of page